top of page
Background Logo.png
Emwelt Logo

"Wat's du haut mëss, entscheet doriwwer wei d'Welt muer ausgesäit"

Marie von Ebner-Eschenbach

Ëmweltschoul

Hei bei der Ëmweltschoul dréint sech alles em Klima, Energie, Kreeslaafwirtschaft an em eng nohalteg Zukunft zu Lëtzebuerg!

Emweltschoul

Wëllkomm bei der Ëmweltschoul! Ech sin den Tom an ech sinn 27 Joer al. Ech hunn Politik am Bachelor an Ëmweltwëssenschaften an Ëmweltmanagement am Master studéiert. Mam Projet vun der Ëmweltschoul well ech den Leit zu Lëtzebuerg d'Nohaltegkeet méi no bréngen.

Mir stinn an deenen nächsten Joeren virun groussen Erausfuerderungen, déi nëmmen zesummen kennen geléist ginn. Dofir ass et wichteg, dass Jonk an Al verstinn, op wat et an der Zukunft ukënnt. Ech hunn mir et dofir zur Aufgab gemaach, Klimawandel, Biodiversitéitskriis a Kreeslafwirtschaft fir jiddereen erklärbar duerzestellen. 

Mäin Interessi fir d'Nohaltegkeet hunn ech am Lycée entwéckelt. An och wärend mengem Politikstudium huet den Interessi ni ofgeholl. Am Géigendeel, no mengem Bachelor hunn ech decidéiert een Studium auszewielen, den sech exklusiv mat enger nohalteger Zukunft beschäftegt. 

Nom Ofschloss vun mengen Etuden hunn ech ugefaangen an engem Ingenieursbüro ze schaffen. Ufanks dëst Joer hunn ech dunn awer decidéiert mäin Job ze kënnegen fir d'Ëmweltschoul ze grënnen. Mir war wichteg, dat wat ech wärend mengen Etüden an duerch d'Lektür vun sëllegen Bicher geléiert hunn, un anerer weiderzeginn. 

D'Ëmweltschoul geet gezielt an Schoulen an Lycéeën, fir déi zukünfteg Generatiounen op eng Welt virzebereeden, déi eng ganz Partie Erausfuerderungen mat sech bréngt. Mee virun allem riicht sech d'Ëmweltschoul och un Erwuessener, déi haut déi néideg Decisiounen huelen kennen, fir onseren Kanner eng liewenswäert Gesellschaft ze hannerloossen.

  • LinkedIn
Tom Haas

Wat mescht d'Ëmweltschoul?

Den Zougang zu Bildung war den Ausléiser fir Wuelstand an huet zu onserer moderner Zivilisatioun gefouert. Grat haut an onser vernetzter Welt ass den Zougang zu Informatiounen allgéigewäerteg. Mee all ze oft kommen déi néideg Informatiounen awer net do un wou se sollen. Zemools wann et em Nohaltegkeet geet. 

 

D'Ëmweltschoul huet sech aus dem Grond op Formatiounen, thematesch Atelieren an op Sensibiliséierung iwwert sozial Medien spézialiséiert. 

bottom of page